New Work #29 - Panorama social 2026

Show notes

Lëtzebuerg ass e räicht Land. Mee wat kënnt vun deem Räichtum bei de Leit un? Geet d'Pai duer, fir de Loyer an d'Rechnungen ze bezuelen? A wéi geet et de Leit op hirer Aarbechtsplaz?

Mat esou Froe beschäftegt sech de Panorama social vun der Chambre des salariés. De Rapport bréngt Zuelen iwwer déi sozial a wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg zesummen.

An dëser Episod kucke mir op d'Editioun 2026 mam Nathalie Georges, Soziologin a Conseillère bei der Chambre des salariés, mam Félix Martins, Ekonomist bei der CSL, a mam David Büchel, Aarbechtspsycholog a Coordinateur vun der Etüd Quality of Work Index, och bei der CSL.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.