New Work #29 - Panorama social 2026
Lëtzebuerg ass e räicht Land. Mee wat kënnt vun deem Räichtum bei de Leit un? Geet d'Pai duer, fir de Loyer an d'Rechnungen ze bezuelen? A wéi geet et de Leit op hirer Aarbechtsplaz?
Mat esou Froe beschäftegt sech de Panorama social vun der Chambre des salariés. De Rapport bréngt Zuelen iwwer déi sozial a wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg zesummen.
An dëser Episod kucke mir op d'Editioun 2026 mam Nathalie Georges, Soziologin a Conseillère bei der Chambre des salariés, mam Félix Martins, Ekonomist bei der CSL, a mam David Büchel, Aarbechtspsycholog a Coordinateur vun der Etüd Quality of Work Index,...