All episodes

New Work #13 - Frontalieren

New Work #13 - Frontalieren

20m 14s

All Dag kommen 220 000 Frontalieren a Frontalièren op Lëtzebuerg schaffen. D'Zuele si vun November 2023. D'Leit kommen aus der Belsch, Frankräich an Däitschland. Mee wéi genau gëtt de Begrëff vum Frontalier definéiert?

Genee dorëm geet et an deser Episod. Wat ass fir ee Frontalier oder eng Frontalière um Lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché anescht, a wat sinn seng*hir Vir- an Nodeeler par rapport zu engem*r Résident*e? Vun den Teletravailsdeeg bis op spezielle Congé: D'Martine Mirkes an d'Nathalie Moschetti, allen zwee Juristinne bei der Chambre des Salariés, verroden eis alles.

New Work #12 - Studentejobs

New Work #12 - Studentejobs

18m 38s

D’Summervakanz ass do, a fir déi meescht Student*innen heescht Summervakanz ënnert anerem och Summerjobs. Mee sief et Summerjobs oder Stagen, wat sinn eigentlech déi Saachen, op déi een oppasse muss, wann ee säi Kontrakt ënnerschreift?

Dësen Episod ass en How-To fir all Student*innen, déi iwwert de Summer respektiv wärend dem Joer berufflech Erfarunge sammelen : Wat ass erlaabt a wourop sollt dir oppassen? D’Jeannine Kohn, Conseillère de Direction bei der Chambre des Salariés, an d’Johanna Lapeira, Juristin bei der CSL, verroden eis all hir Tipps.

New Work #11 - Inegalitéiten

New Work #11 - Inegalitéiten

24m 14s

An dësem Episod geet et ëm e Sujet, mat deem jidderee schonn ze dinn hat: Inegalitéiten. Där ginn et vill, vum Abseits am Fussballsmatch, dee kee war, bis zum Kolleeg, deen am Kino eng besser Plaz krut. Ma déi interesséieren d'Chambre des salariés jo net esou. Op wéi eng Inegalitéiten fokusséieren si sech da genau? Wéi erkennen si se? A wat fir eng Zorten Inegalitéite ginn et?

D'Nathalie Goerges, de Félix Martins de Brito an den Dylan Theis si wirtschaftlech Beroder*inne bei der CSL. Si hunn eis gezielt, wisou d'Gefill vun Ongerechtegkeet beim Erkenne vun enger Inegalitéit esou wichteg ass,...

New Work #10 - Sozialwalen

New Work #10 - Sozialwalen

22m 20s

2024 ass keen normaalt Joer fir d'Chambre des Salariés : Net nëmme sti Sozialwalen um Programm, ma d'CSL feiert och säin 100. Gebuertsdag. Wat waren d'Schlësselmomenter vun der Chambre? Wat sinn déi sougenannten "Acquis sociaux", déi fir eis haut selbstverständlech sinn, mee déi et virun net sou laangem nach guer net gouf? A wisou sollten Salariéen sech un de Sozialwalen bedeelegen?

D'Nora Back ass säit 5 Joer Präsidentin vun der Chambre des Salariés a vum OGBL, a stellt sech nach eng Kéier op. De Sylvain Hoffmann ass zënter 2019 den Direkter vun der CSL. An dësem Episod kucken si zesummen...

New Work #9 - Digital Learning

New Work #9 - Digital Learning

22m 20s

An dësem Episod schwätze mer mam Claude Cardoso, Conseiller de Direction bei der Chambre des Salariés a Responsabel vum Lifelong Learning Center, ma och mam Julie Prunier a mam Thierry Kreins, allen zwee Formateur*in am LLLC, iwwert den Digital Learning. Wat bedeit Digital Learning genau a wat fir Virdeeler bréngen Online Coursë mat sech? Si hunn eis erkläert, wéi si sech adaptéiere missten a wisou dës Formule hinnen haut méi Flexibilitéit gëtt.

New Work #8 - Stagekontrakter a Studentenjobs

New Work #8 - Stagekontrakter a Studentenjobs

16m 24s

An dësem Episod schwätze mer mat der Juristin Joana Soares Lapeira vun der Chambre des Salariés a mam Charel Donven, Vice-President vun der Studentevertriedung ACEL, iwwert de Sujet Stagekontrakt an de Studentenjob. Wéi ass dat am Aarbechtsgesetz gereegelt an op wat solle Studenten a Studentinne virum Ënnerschreiwe besonnesch gutt oppassen?

New Work #7 - Mobbing op der Aarbechtsplaz

New Work #7 - Mobbing op der Aarbechtsplaz

27m 8s

An dësem Episod schwätze mer iwwert Harcèlement moral op der Aarbechtsplaz, oder wéi mer och soen, Mobbing. Wat bedeit dat eigentlech konkret a wéi eng Mesure kënnen hei geholl ginn? De Philipp Sischka, Fuerscher vun der Uni.lu am Beräich Aarbechtspsychologie an den David Büchel, Aarbechtspsychologe bei der Chambre des salariés (CSL), ginn eis en Abléck wat alles ënnert de Begrëff Mobbing fällt. D’Nathale Moschetti, Conseillère Juridique bei der CSL, erkläert wat een als Affer vu Mobbing kann ënnerhuelen a wéi eng Ulafstellen et hei zu Lëtzebuerg ginn.

New Work #6 - Gläichberechtegung um Aarbechtsmarché

New Work #6 - Gläichberechtegung um Aarbechtsmarché

17m 21s

An dësem Episod schwätze mer iwwert d’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer um Aarbechtsmarché. Wat bedeit dat iwwerhaapt hautzedaags, d’Beruffs- a Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien? Wéi eng Erausfuerderunge ginn et hei a wéi eng Mesurë gi geholl, fir der Ënnerrepresentatioun vu Fraen entgéint ze wierken? Dofir hunn ech mam Sylvie Lombardi, Presidentin vum Comité à l’égalité vun der Chambre des salariés (CSL) geschwat. Ier d’Emilia Minacapilli, Juristin a Conseillère de Direction bei der CSL eis en Iwwerbléck gëtt, wéi eng EU-Direktiven et an deem Kontext ginn an elo op nationalem Niveau ëmgesat musse ginn. Virdru gëtt eis den Direkter, de Sylvain Hoffmann, en Abléck an de...

New Work #5 - Plattformwirtschaft

New Work #5 - Plattformwirtschaft

25m 30s

Am Oktober hunn d’Chambre des salariés an d’Gewerkschaften eng Sensibiliséierungscampagne ronderëm d’Plattformwirtschaft lancéiert. D’Nora Back, Presidentin vun der CSL, erkläert, firwat dëst iwwerhaapt noutwenneg ass. EU-Schätzungen no schaffen europawäit iwwer 20 Millioune Persoune fir Plattformen. Dës Zuel wäert sech an den nächste Jore verduebelen, esou den EU-Kommissär Nicolas Schmit. D’EU schafft aktuell un Direktiven, fir dës Persoune besser ze schützen.

D’Martine Mirkes, Juristin a Conseillère de Direction bei der CSL, erkläert, datt déi Persounen, déi hir Servicer op Plattformen ubidden, an der Reegel als Indépendant agestallt sinn. Dobäi passen d’Konditiounen, déi d’Plattformen de Persounen opleeën, éischter zu engem ofhängegen Aarbechtsverhältnis...

New Work #4 - Wuelbefannen op der Aarbecht

New Work #4 - Wuelbefannen op der Aarbecht

9m 57s

Wéi kann een de Stress reduzéiere respektiv besser domadder ëmgoen? D’Chambre des Salariés bitt hei verschidden Ënnerstëtzungen un. D’Michèle Pisani, Psychologin a Conseillère bei der CSL, gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Owescoursen, Formatiounen an Universitéitscoursen aus dem Beräich Mental Health. A mir kréien en Abléck an d’Aarbecht vum Sonia Neves, si ass Therapeutin a gëtt ënnert anerem Sophrologiecoursen an de Betriber hei zu Lëtzebuerg. Geduecht sinn déi Course fir den eenzele Salarié respektiv Personaldelegéierten, déi sech fir d’Mataarbechter an d’Mataarbechterinnen an hirem Betrib asetzen.